Montag, 8. Januar 2007

Debatte Internationales Abitur

Et muss een awer allerdéngs soen: Den däitsche Programm ass allégéiert; dat gëtt net esou staark gepréift, an do mussen d’Lëtzebuerger sech iwwerleeën, ob se sech domat en Déngscht leeschten, wa se duerch e System ginn, wou Däitsch net esou am Virdergrond steet, well onse méisproochege System huet jo awer wierklech Avantagen, och wat déi weiderféierend Studien
dono ubelaangt.
Mme Anne Brasseur (DP).-

Datt de Bac international kee Cadeau fir d’Schüler an och net fir de Lycée ass, dat geet zum Beispill aus engem Saz aus dem État des lieux vum LTC ervir. Do steet dran:

«Nos élèves ne parlent pas le français comme langue maternelle et ont seulement fait deux années d’anglais. Or, le Bac international exige une langue au niveau A1 - Muttersprachenstärke - et la législation luxembourgeoise réclame que la deuxième langue soit étudiée au niveau supérieur.“

Also, et ass bei wäitem kee Cadeau fir d’Studenten. Et ass vill Aarbecht scho gemaach ginn an do bleift der nach vill ze maachen.
M. Claude Adam (DÉI GRÉNG).-


A well mer zu Lëtzebuerg Wichtegkeet leeën op d’Sproochen, ass gesot ginn, majo, déi Sproochen, déi een zu Lëtzebuerg brauch, fir sech ze integréieren, fir ze participéieren, si Franséisch an Däitsch.
An duerfir kann ech op déi Fro „Ass eng aner Sprooch als zweet Sprooch méiglech?“ äntwerten: de Moment net.
De Règlement grandducal gesäit vir, dass ee muss Däitsch hunn, fir zu Lëtzebuerg dee Bac international unerkannt ze kréien als gläichwäerteg zu engem Premièresexamen.
An ech hat och net d’Absicht, dat ze änneren.
(...)
Dann ass d’Fro gestallt gi vun der Admissioun an d’Classes internationales.
Am Règlement grand-ducal steet also:
Een, deen eng Cinquième am Classique huet respektiv eng Neuvième mat enger Moyenne vu 45.
An da stellt d’Fro sech vun deene Joren duerno, wann ee wëllt wiesselen.
Op deene Classes internationales applizéiere sech jo d’Dispositioune vun de Gesetzer, déi mer hunn iwwert d’Lycéeën an d’Lycées techniques.
Do ass dran,dass een ëmmer kann eng Admissioun kréie sur dossier, an dass dann den Direkter kann décidéieren, ob een d’Konditiounen erfëllt, fir an déi Klassen eranzekommen.
Esou dass déi Passerelle all Joer méiglech ass.
Ech wëll awer soen, wat een déi Décisioun méi spéit hëlt, wat et wahrscheinlech méi schwiereg gëtt, fir sech an dee System do eranzeschaffen.
Mme Mady Delvaux-Stehres, Ministre de l’Éducation nationale et de la Formation professionnelle.-

Compte rendu 2005/2006 Nr. 16

<<< euroluxembourg.lu

Keine Kommentare: